Déi Woch virun Ouschteren hunn sech 3 Piloten vum LMCC, den Menn Martin, de Guy Stephany an den Marco Claus, ënnerstëtzt vum Mersch Jeff souwéi 2 befrëndt Piloten hei fir aus Däitschland op de Wee no Fiorano (I) gemach, wou si bei däer 7. Editioun vum Large Scale Fun Event deel geholl hunn.
Ronn 90 Piloten aus ganz Europa waren do, inklusiv dem 1/5 "Who is Who". D'Expert-Klass hätt och kënnten als Europameeschterschaft duerch goen...

Samschdes Moies hunn si sech an aller fréih op de Wee gemach, an no enger méi ustrengender Urees iwwert Zürech, vu Freides op Samschdes hat et jo nach geschneit, sinn si Samschdes Owes um Mini Autodromo Jody Scheckter zu Fiorano ukomm.
 
22107213e18f63272a6eeee1d4e7938557754_.jpeg
 
Well dee Weekend nach eng 1/8 Course do ausgedroën ginn ass, konnt Sondes nach net trainéiert ginn.

2022 Large Scale Fun Event VII

 Vu Méindes bis Donnerschdes konnt dunn de ganzen Daag no belieben trainéiert ginn...
 
22107378c0ff70b80119454e77a2cc66cedce_.jpeg
 
Owes ass entweder gemütlech gegrillt, oder sech am Restaurant mat gudder Pasta oder Pizza verwinnen gelooss ginn
 
22107eb845f9074546721653ffc02b02cdbce_.jpeg
 
22107da71a735b4ade2163b0550eaed1d6887_.jpeg
 

Dunn ass vun deem fräien Daag profitéiert ginn...
Moies an der Buvette konnten si den F1 GP vun Australien an der Buvette kucken.

22107611cb9a97da0daf54531e3f7d1a86ff0_.jpeg

Mëttes ass et dunn Richtung Museo FERRARI zu Maranello gangen, deen just 2 Kilometer vun der Modellpiste ewech ass.

22107badb46c1a79e87c611aafd63827b1378_.jpeg
 

Mini Autodromo Jody Scheckter

D'Ferrari Teststreck "Circuito di Fiorano" läit quasi direkt niewend der Modellpist.
 
221073d2b5e7684d29c5ef2cc47836b77dce9_.jpeg
 
Vu baussen ass leider net vill ze gesinn...

Dat ganz huet dann ganz schéin geschlaucht...

22107d7559085797e41e8972ce9d822cb88b8_.jpeg
 
22107cb4a2e43c23b8f7ccd514a7eb6273279_.jpeg
 
De ganzen Daag un der frëscher Loft sinn se net méi gewinnt ;-)

De Spass ass och net ze kuerz komm, an un der Verpflegung op der Piste war och näischt auszesetzen.
 
22107f562eb86491fd1c1c31b673c17db928b_.jpeg
 
2210746abdcc0db9d76b28044f98f28022014_.jpeg
 
A bei summerlechen Temperaturen huet een sech baal wéi an der Vakanz gefillt...
 
22107a75276c19e4e3046e63edbfaefd9fd7b_.jpeg
 
221072edccfc277fe915c57b2240ea0fb8d22_.jpeg

"Like ice in the sunshine"...

Course gefuer ginn ass natirlech och...
D'Resultater entspriechen leider net de méiglechen Performancen, si haten alt nees vill Pech.
 
Hei kënn dir d'Resultater fannen.

Si sinn trotzdeem nach mat engem Pokal Heem komm ;-)

22107b9399dfe6d87d243a4ce0006eb2bb2b9_.jpeg
 
Déi schéinsten Karrosserie war dem Guy seng !

Gefuer a geschrauwt ginn ass natirlech och dodertëschend ;-)
 
2210794c6a10839fbe2a82eecca0009ed965c_.jpeg
 
22107dced60902ede8f2c4c30ee286fe3264d_.jpeg

Kupplung, Differential an Motor... déi üblech Baustellen halt :-D

2210787715bb7a9b256c96091a29ada924899_.jpeg 
Den Défilee vun den Karrosserien...

Alles an allem haten si eng ganz Woch lang, bei herrlechem Wieder, vill Spass mateneen.
 
Déi déi net derbäi waren hunn eppes verpasst!

Mee villäicht gesäit een sech jo d'nächst Joer zu Fiorano fir déi 8. Editioun...

Keep on racing!