Mini-Z Saison ass nees ugangen...
Den Layout fir d'Saison 2018/19 Foto vun Raymond Weydert
04 November 2018
Seit Mëttwoch, dem 31.10., ass d'Mini-Z Saison an der Buvette nees ugangen.
Décke Merci dem Raymond, Enzo, Claude, Änder an Oli déi nees alles opgeriicht hunn.
D'Reflexer ginn also nees (meeschtens) Mëttwoch-Owes souwéi Samschdes- an/oder Sonndes-Mëttes geschärft. Falls een fueren kommen wëllt, am beschten virdun mellen fir secher ze sinn dass och een Responsablen do ass fir opzespären.