News


25 February 2019

Ab dem Donnechten, den 4.4.2019, gëtt nees um, an ronderëm, dem Terrain vum Circuit geschafft.

Dowéinst kann et temporär dozou kommen dass een den Circuit nët benotzen kann.

Ënner anerem ginn dës Aarbechten ausgefouert:

-Neien Belag um Site ( “Bi-Couche” Entrée bis Parking)
-Eng Bëtongsdalle niewent dem Sanitär-Container fir d’Dreckskëschten
-Aarbechten an souwéi ronderëm dem Fahrerlager ( deelweis fest installéiert Dëscher )
-Arbechten vum Belag vun der Piste.
-Trottoir laanscht ons nei Entrée
-an zum Schluss erwaart Iech nach eng “kleng” Iwwerraschung...

All déi Aarbechten sollten bis Ugangs Mee ofgeschloss sinn, sou dass alles fir déi éischt Course vun der Saison, dem 1. Laf vum 3-Länner-Cup den 12.5., prett ass.