ELS European LargeScale Series

ELS Banner Foto vun Jeff



08 August 2019

Muer, Freiden den 9. August, geet et offiziel lass mat der éischter Oplag vun der European LargeScale Series (ELS) bei ons um Mini Circuit "Ville de Luxembourg" ausgedroen gëtt.

Eng Ronn 100 Piloten aus ganz Europa, dorënner Europa- souwéi Weltmeeschter, sinn op Lëtzebuerg komm fir sech op onser, an der ganzer Welt bekannten, Streck mateneen ze miessen.

Dir kënnt gären bis lanscht kucken kommen, Freides sinn Trainingsleef, Samschdes Qualifikatiounen an Sondes bis 15:30h sinn d'Finalen.

Den Entrée ass fräi, an vir Iessen an Dréncken ass natirlech wéi ëmmer gutt gesuergt.

Avis aux amateurs ;-)