Course Championnat Lux. de Weekend vum 29./30.9.2018
De Weekend vum 29.-30.9. gëtt déi 4., a leschte, Manche vum Lëtzbuerger Championnat um Mini Circuit "Ville de Luxembourg" gefuer. Organiséiert ass déi Course vun der FLAMRC.
Ausgeschriwwen si folgend Kategorien:
- 1/10 électro Stock
- 1/10 électro Modified
- 1/10 F1 (Course amicale)
- 1/10 17,5T (Course amicale)
- 1/5
- 1/8 (Course amicale)
Umellen kann ee sech wéi ëmmer iwwert MyRCM.
Fir Iessen an Drénken ass wéi ëmmer beschtens gesuergt...
Den Accès ass nees iwwert den P&R (lanscht de Centre douanier).