Bericht vum 1. Laaf RCL-Langstreckenmeisterschaft - 4h Heuchelheim (D)

Déi 8 Equippen... Foto vun RCL-Langstreckenmeisterschaft



15 April 2018

Den 14.4.2018 huet eng Equipe vum LMCC beim 1.Laaf vun der RCL-Langstreckenmeisterschaft deelgeholl, eng 4 Stonne Course zu Heuchelheim bei Frankenthal.

Déi 5 Piloten (Claude Schuster, Raymond Weydert, Änder Berthold, Enzo Lovece, Jeff Mersch) si mat engem Tamiya TT-02S mat "Cup Machine"-Motor als een vun 8 Team'er matgefuer.

Fir Samschdes Moies mat Zäiten do ze sinn an sech e bëssen un d'Piste gewinnen ze kënnen, si mir schonn Freides Mëttes fortgefuer.
Dohannen ukomm, hu mir am Reen d'Piste mol gesicht (Im wahrsten Sinne des Wortes) ;-)
Am Verglach zu onser Piste wor se "butzeg", eng reng 1/10'er Elektro-Piste, max. 2,5 m breed :-O.
Mee wéi mir Samschdes festgestallt hunn, fir déi Kombinatioun vun Auto/Motor ideal.
Owes wor en gemittlecht Iessen am Crazy Horse  ugesoot ;-) .
Nee et wor just e Restaurant, an d'Portiounen woren grouss, richteg grouss! Den Änder hat mol net alles gepackt :-P . Päerdsbiftek ass et leider nët do ginn, firwat och ëmmer... ;-)

Samschdes Moies wor dunn nach Training ugesoot. Nodeem sech den Moies-Niwwel verzunn hat wor dunn Streckenféierung aprägen, kleng Setup-upassungen durechféieren an Karosserie aussortéien ugesoot... dat gut Wieder wat se gemellt haten wor och um Rendez-vous.
Mëttes hu mir ons dunn nach kuerz gestärkt, fir Iessen an Drënken wor och gesuergt, ier et sollt Eescht ginn.
Pünktlech um halwer 1 ass dunn gestart ginn.
Obwuel onsen Auto gut ze fueren wor konnten mir nët mat deenen schnellsten mathalen, mir haten wuel op déi falsch Pneuen gesaat...
No deenen 4 Stonnen si mir dunn op der 5 Platz ukomm, mat engem Réckstand vun just 2 Ronnen op déi 4 Platz.
Et wor en harden Fight mam Team "Perrin" déi lescht hallef Stonn ;-) , mir sinn op der leschter Rill gefuer :-D

Et woren flott annerhalwen Daag wou mir ons gutt ammuséiert an vill gelacht hunn.
D'Ambiance am Fahrerlager wor top, alles ganz locker.

Groussen Merci un den ausriichtenden Veräin TC-Heuchelheim Abt. Minicar e.V.  , dem Organisator souwéi onsem Sponsor T2-ESCH.
Als nächst geet et dann den 26.5. ob Rüsselsheim fir d'6 Stonnen Course...

Fotoen