4 Stonne Course Farébersviller (F) 1/10 électrique

Podium



04 November 2018

Samschdes den 3.11.2018 wor den LMCC mat 3 Equippen bei der 4-Stonne Course zu Farébersviller (F) derbäi.
Bei däer Course déi vum Mini Model Club de Béning organiséiert gouf waren insgesamt 15 Equippen um Start!
Team LMCC 3 mat Raym Weydert Marco Claus an Raoul Scheffen hatten vill Pech an hunn, nodeems se schonn 2 mol Kardan'en ersat haten, missten opginn. Si sinn 13. ginn.
Team LMCC 2 mat Enzo Lovece, Änder an Luke Berthold sowéi Oli Ludig woren schnell ënnerwee a sin op enger gudder 5.Platz ukomm ( mat nëmmen 4 Ronnen Réckstand op déi 4. Platz)
Team LMCC 1 mat Claude Schuster, Serge Boehler an Jeff Mersch wor schon am Training ganz schnell an konnten sech, trotz Motorwiessel no 2 Stonnen, zum Schluss mat 28 Ronnen Viirsprong déi 1. Platz secheren.
 
Ons Kollegen vum RCCM woren och mat 2 Equippen um Start an sinn op der 3. resp. 4. Patz ukomm.
 
Een Deel vun onse Piloten wor schon Freidesnomëttes op der Platz fir ze trainéieren, an huet den Dag mat engem gemittlech Iessen ausklengen geloos ;-)
E puer Fotoen fann dir an den Alben...