1.-2.10.2021 Race Car Series Final Lëtzebourg

Podium RCS AM Wertung



04 October 2021

De Weekend haten mir dann no 2 Joer, Corona bedéngt, mol nees eng Course; d'Race Car Series war fir hier Final bei ons op de Circuit komm.
Knapp 60 Piloten aus Däitschland, Frankräich, der Belge an Lëtzebourg waren an 4 Catégorien waren um Start, déi éischt wore schons mëttwochs ugereest...
Duerch déi schlecht Wieder-Prévisiounen ass dun den Zäitplang och gestrafft ginn, sou dass schonn Samschdes d'Finalen konnten am dréchenen gefuer ginn.
Mat derbäi waren och 2 Piloten vum LMCC déi an der GT-Series gestart sinn, wou 42 Piloten um Start waren.
No den Virleef war de Marco Claus op der 7 Plaz an hat sech fir 1/2-Final A qualifizéiert. Do ass hien den 3. ginn, an war domadder an der A-Final.
Do hat hien leider Pech an huet missen wéinst techneschen Problemer (E Kupplungsbelag hat sech geléist) opginn an ass 10. ginn, wat och der 10. Plaz am Gesamtklassement entsprecht.
De Guy Stephany hat et als 24. no den Virleef an 1/4 B gepackt.
Do ass hien 4. ginn an konnt just net méi an d'1/2 Final B opsteigen...
Hien war also an der C-Final an däer hien op déi 2. Plaz komm ass, wat am Gesamtklassement enger 22. Plaz entsprach huet.
An der "Amateur" Joreswertung vun der GT-Series ass hien als 2. um Podium gewiecht. Gratulatioun!

Alleguer d'Resultater vun der Course fannt dir hei .