LMCC - on Tour

Déi 2 Equipen mat hirer Ënnerstetzung ;-)



15 February 2018

De Weekend vum 10./11. Febuar war den LMCC op enger 1/10 électro Course vum MMC Béning  zu Farébersviller (F) vertrueden.
Als Highlight ass Samschdes Nomëttes eng 4h Stonnen Course gefuer ginn, wou mir mat 2 Equippen vertrueden woren.
Als Auto haten mir 2 identesch Tamyia TT02R (Plastik-Chassis wor Pflicht), gefuer ginn ass mat Cup-Machine Motoren déi ausgehändegt goufen.
Déi 1. Equipe war mat dem Claude Schuster, Serge Boehler, Jérôme Biot an Jeff Mersch besat, an der 2. Equipe waren den Raymond Weydert, Raoul Scheffen an Marco Claus.
Leider wor onse Choix vun de Pneuen net sou glécklech, an och ons Motoren hu méi oder wéineger fréih u Leschtung verluer. 
Mee mir hun eis gudd amuséiert, an déi Lescht sinn mir och net ginn ;-) .
Platz 6 resp 7 fir LMCC-2 bzw LMCC-1 bei 12 Equippen déi um Start waren.
Sondes war dunn d'Course an deene verschiddene Kategorien (13,5T, 17,5T M-Chassis, Formel-1) wou de Claude, Raym, Raoul, Serge an Jeff nach matgefuer sinn...
E groussen Merci un de Claude Schuster deen, trotz Gripp, déi meeschten Arbecht mam virbereeden vun den 2 Autoen hat!
An och un ons Supporter Änder an Enzo déi Samschdes kucken komm sinn an och fléisseg eng Hand mat ugepak hunn!
Affaire à suivre ?!? :-D
P.S.: Jo, den Marco ass mat engem "Electro" gefuer! ;-P

Hei nach weider Fotoen